Muller Pneus-Dateschutzerklärung

Verantwortlech Stell am Sënn vum Dateschutzgesetz ass d'Firma Muller Pneus s. à r. l. 6a, Duerfstroos L-6695 Mompach

Informatiounen, déi mir vun Iech kréien, hëllefen eis, Äert Akafs Erliefnis bei bei Muller Pneus ze gestalten a weider ze verbesseren. Mir benotzen des Informatiounen fir d'Ofwécklung vu Bestellungen, d'Liwwerung vu Wueren an d'Erbréngen vun Déngschtleeschtungen sou wéi d'Ofwécklung vun Bezuelungen (z.B. beim Kafen op Rechnung och fir erfuerderlech Tester). Mir benotzen Är Informatiounen och, fir mat Iech iwwer Bestellungen, Produkter, Déngschtleeschtungen an iwwer Marketing Offeren ze schwätzen, an och fir eis Datebanken ze aktualiséieren an Är Clientskonten bei eis ze ënnerhalen an ze fleegen an och fir d'Test Berichter a Meenungen vun eise Clienten duerzestellen an Iech Produkter oder Déngschtleeschtungen unzeroden, déi Iech interesséieren kéinten. Mir benotzen Är Informatiounen och fir eisen Shop an eis Plattform ze verbesseren, de Mëssbrauch vun eiser Internetsäit ze verhënneren oder een ze entdecken oder Drëtten d'Duerchféieren vun techneschen, logisteschen oder aneren Déngschtleeschtungen an eisem Optrag ze erméiglechen.

Mir sammelen folgend Informatiounen:

  • Informatiounen, déi Dir eis gitt: Mir erfaassen a späicheren all Informatiounen, déi Dir op eiser Internetsäit agitt oder eis op engem aneren Wee iwwermëttelt. Dir kennt entscheeden, eis bestëmmten Informatiounen net ze ginn, wat allerdéngs dozou féieren kann, dass Dir vill vun eisen Offeren (Servicer/Funktiounen) net benotzen kennt.
  • Automatesch Informatiounen: Soubal Dir mat eis Kontakt ophuelt, kréien a späicheren mir bestëmmten Informatiounen. Ënnert anerem benotzen mir -- wéi vill aner Internetsäiten och -- sougenannte "Cookien" a kréien bestëmmten Informatiounen soubal Ären Internet Browser eng Muller Pneus Säit opmécht. Verschidden Firmen bidden Software un, déi et Iech erméiglecht, Internetsäiten anonym ze besichen. Obwuel mir dann d'Méiglechkeet net méi hunn, Iech e perséinlecht Akafs Erliefnis ze bidden, soubal mir Iech net méi erkennen, wëllen mir dass Dir wësst, dass et des Methode gëtt. Benotzer Daten, déi mir ufroen, ginn nëmmen anonym erfaasst a gespäichert. Sou ermëttelen mir zum Beispill anonym an zesummegefaasst, wéi vill Klicks eisen Shop erreecht an vun wéi engen Internetsäiten déi kommen.
  • Kommunikatioun per E-Mail: Fir Är E-Mailen nëtzlech a méi interessant gestalten ze kennen, kréien mir oft eng Bestätegung doriwwer, wéi eng E-Mailen vun Muller Pneus Dir op maacht, souwäit Ären Computer des Funktioun ënnerstëtzt. Zum Schluss vun all Bestellung hutt Dir d'Méiglechkeet un enger Ëmfro Deel ze huelen. Beim Matmaachen kennt Dir eis d'Geneemegung ginn, Iech Offeren oder Ähnleches ze schécken. Wann Dir grondsätzlech keng E-Mailen vun eis kréien wëllt, schéckt eis eng E-Mail un: info@mullerpneus.lu. Dir kennt dëst deemnächst iwwer Ären Benotzerkont bei "Meng Bestellungen" deementspriechend astellen.
  • Informatiounen aus aneren Quellen: Geleeëntlech benotzen mir och Informatiounen iwwert Iech vun aneren Quellen a fügen des bei eis Informatiounen an Ärem Clientskont dobäi. Mir behalen eis d'Rescht fir, bei Drëtten (z. B. Versandhändler, Kredit-Informatiouns-Quellen) Informatiounen iwwert Äert Verhalen beim Bezuelen unzefroen, fir Iech bestëmmte Bezuelméiglechkeeten (z. B. Kafen op Rechnung) oder aner Finanzdéngschtleeschtungen unzebidden.
  • Cookien sinn alphanumeresch Identifizéierungen, déi mir mat Ärem Internet Browser op d'Festplack vun Ärem Computer iwwermëttelen. Si erméiglechen eisen Systemer, Ären Browser ze erkennen an Iech Servicer unzebidden.
  • D'Hëllef-Funktioun an der Menü-Leescht vun de meeschten Internet Browser erkläert Iech, wéi Dir Ären Browser dovun ofhaalt, nei Cookien ze akzeptéieren, wéi Dir Ären Browser dorop hiweisen loosst, wann Dir e neie Cookie erhaalt oder och wéi Dir sämtlech erhalen Cookien ausschalt. Allerdéngs kennt Dir nëmmen mat Cookien verschidden vun den interessantsten Muller Pneus Funktiounen vollstänneg notzen an erliewen, wouduerch mir Iech uroden, d'Cookie-Funktioun ageschalt ze loossen.
  • Mir roden Iech ausserdeem, Iech nom Gebrauch vun ärem Computer, den Dir mat aneren zesummen benotzt an deem säi Browser sou agestallt ass, dass en Cookien akzeptéiert, ëmmer vollstänneg ofzemellen.
  • Déi vun eis agesaten Cookien hunn eng Späicher Zäit vun 30 Deeg.

Informatiounen iwwer eis Clienten sinn wichteg fir eis an hëllefen eis, eis Offeren ze optiméieren. Mir ginn d‘Informatiounen, déi mir kréien, nëmmen an deem hei drënner beschriwwenen Ëmfang un Drëtt weider:

  • Verbonnen Firmen:
  • Déngschtleeschter: Mir stellen aner Firmen an Eenzelpersounen un fir eis Aufgaben auszeféieren. Beispiller sinn ë. a. Pak-Liwwerungen, Verschécken vun Bréiwer oder E-Mailen, d'Fleeg vun eisen Clients-Leschten, d‘Analyse vun eisen Datebanken, Reklamm Moossnamen, Ofwécklung vun Bezuelungen (Kreditkaart, Domiciliatioun an Kafen op Rechnung) sou wéi den Clients-Service. Des Déngschtleeschter hunn Zougang zu perséinlechen Informatiounen, déi si fir d'Ausféieren vun hiren Aufgaben brauchen. Si däerfen des allerdéngs net fir aner Zwecker verwenden. Doriwwer eraus sinn si verflicht, d'Informatioune dëser Dateschutz Erklärung wéi och den däitschen Dateschutz Gesetzer no ze behandelen.
  • Iwwerdroen vu Geschäft-Undeeler: Well mir eist Geschäft stänneg weiderentwéckelen, kann et sinn, dass mir oder eenzel Duechtergesellschaften, Deeler vun Firmen oder Bestanddeeler (z.B. Butteker) verkafen oder kafen. Bei sou Transaktiounen ginn d’Clientsinformatiounen gewéinlech zesummen mat dem ze iwwerdroenen Deel vun der Firma iwwerdroen. D’Daten ënnerleien allerdéngs och weiderhin der Dateschutz Erklärung vun virdrun (heivun ausgeschloss ass selbstverständlech de Fall, an deem de Client aneren Bestëmmungen ausdrécklech zoustëmmt). An dem onwahrscheinlechen Fall, dass Muller Pneus insgesamt oder déi wesentlech Deeler dovun verkaaft ginn, ginn perséinlech Daten un den Keefer weiderginn.
  • Schutz vu Muller Pneus an Drëtt Leit Mir ginn Clientskonten an perséinlech Daten iwwer Clienten bekannt, wann mir heizou gesetzlech verflicht sinn oder wann esou e Weiderginn erfuerderlech ass, fir eis allgemeng Geschäftsbedingungen oder aner Ofmaachungen duerchzesetzen oder eis Rechter wéi och d’Rechter vun eisen Clienten an déi vun Drëtten ze schützen. Dëst ëmfaasst en Datenaustausch mat Firmen, déi op d’Virbeugen an d’Miniméieren vu Mëssbrauch a Kreditkaarten Bedruch spezialiséiert sinn. Et gëtt ausdrécklech kloergestallt, dass an dësem Zesummenhang keng Daten un des Firmen fir den wirtschaftlechen Gebrauch weider ginn, wat am Widdersproch zu dëser Dateschutz Erklärung stéing.
  • Mat Ärem Averständnes: Nom Aginn vun enger Bestellung hutt Dir d'Méiglechkeet un enger Marketing-Ëmfro deelzehuelen. Domat gitt Dir eis d'Erlaabnis Är Donnéeën och an aneren Fäll un Drëtt weider ze ginn.

Souwäit perséinlech Informatiounen un Drëtt an dem uewen beschriwwenen Ëmfang an Länner ausserhalb vum Europäeschen Wirtschaftsraum (EWR) iwwermëttelt ginn, stellen mir sécher, dass des Iwwermëttlung am Aklang mat dëser Dateschutz Erklärung an den Lëtzebuergeschen Dateschutzgesetzer erfollegt. Dobäi fënnt den „STANDARDVERTRAG II" vun der Europäeschen Unioun Uwendung. Dobäi handelt et sech em standard Vertrags-Klauselen fir d'Iwwermëttlung vu persounenbezunnen Donnéeën aus der Gemeinschaft an Drëttlänner, déi vun der europäescher Kommissioun virginn sinn, fir en ubruechten Dateschutz-Niveau ze garantéieren.

  • Bei der Bestätegung vun enger Bestellung ginn mir Är Nummer vun der Kreditkaart net eraus. Selbstverständlech iwwerdroen mir am Laf vun der Optrags Beaarbechtung déi vollstänneg Nummer vun der Kreditkaart un dat zoustännegt Institut.
  • Mir ënnerhalen physesch, elektronesch an Verfahrens-technesch Sécherheetsmoossnamen am Zesummenhang mat der Ufro, dem Späicheren an dem Erausginn vu perséinlechen Informatiounen vun eisen Clienten. Des Sécherheetsmoossnamen schléissen och an, dass mir Iech geleeëntlech drëms bieden, e Beweis fir Är Identitéit ze bréngen, éier mir Iech perséinlech Informatiounen eraus ginn.
  • Fir Iech ass et wichteg, sech géint onerlaabten Zougang zu Ären Passwuert an Ärem Computer ze schützen. Wann Dir Ären Computer mat aneren deelt, sollt Dir dorop oppassen, sech no all Sitzung ofzemellen.

Wann Dir Froen zum Dateschutz bei Muller Pneus hutt, schreift eis w.e.g. – méiglechst genau -- un info@mullerpneus.lu a mir wäerten probéieren, Är Bedenken aus dem Wee ze raumen. Eist Geschäft ännert sech stänneg. Genausou änneren sech des Dateschutz Erklärung an eis Benotzungsbedéngungen. Mir behalen eis vir, Iech a gewëssen Zäitraim Matdeelungen iwwer déi bei eis geltend Richtlinnen ze schécken. Dir sollt trotzdeem op allen Fall reegelméisseg eis Internetsäit besichen an Ännerungen zur Kenntnis huelen. Souwäit näischt anescht gereegelt ginn ass, ënnerläit d’Benotzen vu sämtlechen Informatiounen, déi mir iwwert Iech an Är Clientskonten hunn, dëser Dateschutz Erklärung.

Informatiounen, déi Dir eis gitt

Dir gitt eis Informatiounen,

  • Wann Dir eppes sicht,
  • Wann Dir bei Muller Pneus akaaft, (och d’Uginn vun ärer Telefonsnummer, ouni déi mir Är Bestellung net duerchféieren kennen)
  • Wann Dir un engem Gewënnspill deelhuelt,
  • Wann Dir ee Froebou ausfëllt,
  • Wann Dir mat eisem Clients-Service schwätzt,
  • Wann Dir eppes an ärem Clientskont ugitt (denkt drun, dass Dir ënner Ëmstänn méi Clientskonten hutt, wann Dir iech mat verschiddenen E-Mail Adressen bei eis ageschriwwen hutt)
  • Wann Dir eis Säiten un 3. Persounen weider proposéiert (Är E-Mail Adress an déi vun der 3. Persoun)
  • wann Dir aner Service Offeren, bei deenen Dir perséinlech iwwer bestëmmten Offeren informéiert gitt, an Usproch huelt.

Informatiounen, déi Dir eis heibäi gitt, sinn z.B. Numm, Adress, Telefonsnummer, Kreditkaarten Informatiounen, den Numm vu Persounen, un déi dee kaafte Produit geliwwert soll ginn, och hier Adress an Telefonsnummer, E-Mail Adressen vun anere Persounen, un eis geschéckten E-Mailen, wéi och Finanz-Daten an Är Nummer vun der Identitéitskaart.

Informatiounen aus aneren Quellen

Beispiller fir Informatiounen, déi mir aus aneren Quellen kréien, betreffen aktualiséiert Informatiounen iwwer d'Bestell- an d'Liwweradress vun eise Pak Zousteller an aneren Transport Firmen, déi mir dozou benotzen eis Datebank ze aktualiséieren, fir Är nächst Bestellung sécherstellen ze kennen an ze garantéieren, dass mir mat Iech kommunizéieren kennen, Informatiounen iwwer Konten, Kaf- a Bezuel-Verhalen, wéi och Informatioune vu Kredit Informatiounsquellen, déi mir dozou benotzen, Mëssbrauch, besonnesch Bedruch, opzedecken an fir Iech bestëmmte finanziell Déngschtleeschtungen a Bezuelméiglechkeeten ubidden ze kennen.

Informatiounen, zu deenen Dir Zougang hutt

Beispiller fir Informatiounen, zu deenen Dir bei Muller Pneus ganz liichten Zougang hutt: Dozou gehéieren Informatiounen iwwer fréier Bestellungen, perséinlech Donnéeën (ënnert anerem Numm, E-Mail-Adress, Passwuert), Benoriichtegung iwwer spezial Offeren, wéi och Är Bestell-Iwwersiicht.

MULLER Pneus s.à r.l.
6a, Duerfstrooss
L-6695 Mompach

CEO
Muller Romain
Register-Geriicht
Registre de Commerce et des sociétés Luxembourg
Handelsnummer
B98317
International TVA Nummer
LU19931544
Autorisation d'Etablissement Nr.:
00133083/58-59
Loading...