Déngschtleeschtungen


Pneuemontage inkl. wuchten an Radmontage

Standard Pneue Montage
17,50 € pro Pneu (Präis TTC)
Pneue Montage Run-on-Flat oder ab 235er Breet
19,50 € pro Pneu (Präis TTC)

Mir montéiere Rieder un all Zort vun Auto, Camionnette, 4x4 an SUV
Et gëtt keng Zort vu Pneuen / Felge bei dëse Gefierer, déi mir net montéiere kënnen!
All Felg ass fir eis e Schmockstéck an dofir gi mir extra virsiichteg mat en ëm.
Eis Monteure maachen opwenneg Ausbildungen a musse sech u streng Regele beim Montéieren halen. Nëmme sou kënne mir garantéieren, eist Bescht fir Är Sécherheet gemaach ze hunn.
Am Präis vum Montéieren ass d’Auswuchte vun de Rieder, de Wiessel vum Rad an d’Ersetze vum Ventil mat abegraff.

Montage

Fir all nei Pneuen, déi net bei Muller Pneus kaf gi sinn, verlaange mir eng Präisdeieregt vu 50% fir d‘Montéieren (Bsp.: Standard Pneue Montage =17,50€+8,75€ (50% Deieregt) =26,25€ pro Pneu


Radwiessel inkl. wuchten an Loftdrock préiwen

Radwiessel inkl. wuchten an Loftdrock préiwen
9,50 € pro Rad (Präis TTC)

Nëmmen d’Rieder ze wiessele geet net duer!

Auswuchten
Fir lästeg Vibratiounen um Lenkrad ze vermeiden, recommandéiere mir, d’Rieder bei all Riederwiessel (egal op Summer- oder Wanterrieder) wuchten ze loossen.

Den Drock an de Pneuen iwwerpréiwen
Den Drock an de Pneuen ass wichteg fir Är Sécherheet an d’Lafleeschtung vun de Pneuen. Well all Pneu am Laf vun der Zäit Loft verléiert, fanne mir et immens wichteg, dass de Loftdrock bei all Riederwiessel un de Sollwäert ugepasst gëtt.

Dréimoment
Radschrauwen, déi ze fest ugezu sinn, kënnen zu iwwerdréinte Schrauwen an deforméiert Felge féieren. Radschrauwen, déi ze labber sinn, kënnen dozou féieren, dass d’Rad beim Fuere lassgeet, wat fatal Konsequenze kann hunn.

Bei Muller Pneus ginn all Radschrauwe mat Dréimoment ugezunn!

reifenwechsel

Stockage (1 Saison)

Stockage
30,00 € pro Saz / pro Saison (Präis TTC)

Mir passen extra gutt bei der Lagerung vun alle Rieder op. Bei Komplettrieder leeë mir eng Felgeschutzmatt als Protectioun zwëschen all Rad. Nëmme sou kann ee vermeiden, dass e Rad Schréipsen an en anert beim Transport oder beim Lagere mécht.

Duerch dëse Service hutt Dir net nëmmen dee Virdeel, Plaz an Ärer Garage ze spueren, mee och dass Dir Ären Auto net duerch d‘An- an Ausluede vun Äre Rieder onnéideg knaschteg maacht.

Bei der Lagerung an eisem Pneuen Stock ginn Är Rieder nach eng Kéier ënnersicht, fir ze kucken, ob de Profil nach déif genuch ass an op näischt futti ass. Sou kann ee séier handelen och wa grad Saison ass.

einlagerung

Radwäsch (nëmmen mat Stockage)

Stohle Felg
3,25 € pro Rad (Präis TTC)
Alufelg
4,50 € pro Rad (Präis TTC)

Wann eng Felg jorelaang net richteg propper gemaach gëtt, ka sech den Dréck op Dauer abrennen.

Dofir recommandéiere mir, dass Aluminiumsfelgen an och Stolfelgen ee Mol d’Joer richteg gebotzt solle ginn.

All d’Rieder gi bei eis vun Hand gewäsch, well nëmmen e Mënsch all Dreck um Rad erkenne kann.

raderwasche

Pneue-Reparatur

Pneue-Reparatur
15,00 € pro Pneu + Pneuemontage (Präis TTC)

Muller Pneus mécht all Reparaturen u Pneue fir Autoen, Camionnetten, 4x4 an SUV, soulaang mir Iech garantéiere kënnen, dass déi Plaz, déi mir reparéiere wéinstens grad sou stabil a sécher ass, wéi de Rescht vum Rad. Är Sécherheet ass ofhängeg vun eiser Reparatur vum Rad.

„ROF“ Pneuen kennen net gefléckt ginn, well d’Sécherheet net garantéiert kann ginn.
„Seal“ Pneue Reparaturen sinn ganz opwendeg. Dowéinst berechnen mir des mat 58€ pro Pneu.

Reparatur 1
Reparatur 2

Reparatur 3
Reparatur 4

RDKS

Programméieren vun engem RDKS Sensor

(am Präis vun engem neie Sensor abegraff)
Just eemoleg noutwenneg
20,00 € pro Sensor (Präis TTC)
Aktivéieren mam Computer vun 4 virprogramméierte Sensoren

(am Präis vun engem neie Sensor abegraff)
Net bei all Auto noutwenneg, mee wann, dann bei all Rieder-Wiessel.
25,00 € pro Auto (Präis TTC)
Kalibréieren vun 4 virprogramméierte Sensoren

(am Präis vun engem neie Sensor abegraff)
Net bei all Auto noutwenneg, mee wann, dann bei all Rieder-Wiessel.
25,00 € pro Auto (Präis TTC)

Eréischt no villen Ausbildunge bei den Hiersteller an dem Kaf vun e puer Programméierapparater a ville verschiddenen Zorte Sensortypen ass et eis gelonge wierklech all Gefier mat RDKS programméieren, ausrüsten, aktivéieren an och kalibréieren ze kënnen.

rdks
Contern
(+352) 28 55 55 - 200
Junglinster
(+352) 28 55 55 - 300

Ëffnungszäiten
Méindes - Freides
08:00-19:00
Samschdes
08:00-12:00